Um 13. Spilldag wënnt d'Union 6-1 géint Nidderkäerjeng, Recken verléiert 4-6 géint Hueschtert an den Houwald klappt Iechternach mat 6-4.

D'Partie Diddeleng géint Ettelbréck gouf jo schonn am Januar gespillt. Hei hat sech den Tabellenéischten mat 6-1 géint duerchgesat.

Diddeleng huet an der Tabell weiderhin 6 Punkten Avance op den Zweeten Ettelbréck.

Domat huet sech den Houwald um zweetleschte Spilldag als 4. Equipe, nieft  Diddeleng, Ettelbréck an der Union, fir d'Playoffs qualifizéiert.