Gilles Michely a Sarah de Nutte sinn d'Favoritten

© Pressphoto & RTL Télé Lëtzebuerg
De Weekend sinn an der Coque d'Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis. Souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären, ginn et zwee Favoritten.
Bei den Hären ass dat de Gilles Michely. Et wier de 5. Titel fir den Diddelenger. Hien ass och op 1 gesat. Dat trëfft bei den Dammen och op d'Sarah de Nutte zou. D'Ettelbréckerin wëll den Titel verdeedegen an hiren Numm eng 5. Kéier an de Palmarès aschreiwen. Spillverdierwerin kéint d'Tessy Gonderinger ginn. D'Spillerin vum Houwald ass op 3 gesat a weess, dass den Titel awer just iwwer d'Sarah de Nutte féiert.
Dem Tessy Gondelinger no, wier d'Sarah de Nutte déi kloer Favoritin. D'Sarah de Nutte géif vill trainéieren an hätt och gutt Resultater, esou d'Tessy Gondelinger.
Hannert dem Sarah de Nutte ginn et nieft dem Tessy Gonderinger awer nach puer Spillerinnen, déi sech Hoffnungen op eng Medail kënne maachen.
Dat wieren d'Dany Konsbrück an d'Egle Sadikovic. Si wieren déi stäerkst Konkurrenz. Mä och déi jonk Nowuessspiller dierf ee net ënnerschätzen.
Tessy Gondringer wëll sech net festleeën op eng Placéierung. Si hofft eng Medail ze kréien, op eng Faarf wëllt si sech awer net festleeën.
Wann et keng Iwwerraschunge ginn, da spillt d'Tessy Gonderinger an der Halleffinall géint d'Egle Sadikovic.
Fir d'Eenzelmeeschterschafte sinn am ganzen 393 Spiller a Spillerinnen ageschriwwen an et geet an de verschiddene Kategorien ëm 15 Titelen.