Dëschtennis
D'Chinese komme fir e Stage op Lëtzebuerg

Chineseschen Trio Ma Long, Xu Xin a Zhang Jike zu Rio, de 17. August 2016.
China, d'Groussmuecht am Dëschtennis, kënnt virun der Weltmeeschterschaft am Juni zu Düsseldorf, op Lëtzebuerg fir säi Stage.
D'Chinesen, déi jo bekanntlech zu de beschten Dëschtennisspiller op der Welt gehéieren, si vum 19. bis den 27. Mee an der Coque um Kierchbierg.
Dat Ganzt ass zustane komm, no positive Gespréicher tëscht dem Sportminister Romain Schneider an dem chineseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
AUDIO: Chinesesch Dëschtennisequipe zu Lëtzebuerg / Rep. Rich Simon
Am meeschte gelies