De Weekend sinn am Dëschtennis d'Eenzelmeeschterschaften. De Gilles Michely an d'Sarah de Nutte wëllen hiren Titel vun 2016 verdeedegen.

Um Samschdeg war den éischten Dag vun den Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis. Déi eenzeg Iwwerraschung vum Dag war dass déi jonk Lena Grein schonn eliminéiert ginn ass. Déi grouss Favoritten op de Championstitel bei den Hären an den Dammen hu sech keng Blouss ginn.
 
Véirelsfinalle bei den Hären:

Eric Glod - Marc Dielissen
Luka Mladenovic - Christian Kill
Arlindo de Sousa - Traian Ciocu
Xia Cheng - Gilles Michely

Véirelsfinalle bei den Dammen:

Egle Tamasauskaite - Lorella Mezzapesa
Martine Simon - Tessy Gonderinger
Sara Meyer - Sarah de Nutte
Danielle Konsbrück - Carole Hartmann

Um Sonndeg geet d'Sich no de neie Championen am Eenzel da weider.

Am Dubbel-Mixte goung den Titel um Samschdeg un de Christian Kill an d'Carole Hartmann.

VIDEO: Dëschtennis Championnat
E Blëck op d'Favorite beim Championnat an der Coque.