Titele fir Sarah de Nutte a Luka Mladenovic
Fir d'Sarah de Nutte ass et schonn de 6. Titel an hirer Karriär. De Luka Mladenovic feiert den 1. Meeschtertitel.
De Luka Mladenovic huet fir déi gréissten Iwwerraschung op den Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis gesuergt. An der Véierelsfinall huet den 18 Joer jonke Spiller de Christian Kill eliminéiert an der Halleffinall huet en de Favorit Eric Glod erausgehäit. An der Final stoung him dunn den etabléierten Traian Ciociu géigeniwwer. Och dee sollt keng Chance géint de Mladenovic hunn. Um Enn wënnt de Luka Mladenovic d'Finall mat 4:0 a kann domadder säin éischten Titel feieren.
Dovunner konnt een net ausgoen. Och net, dass den Traian Ciociu et géif bis an d'Final packen. De Wee an déi Final war fir de Luka Mladenovic keen einfachen. An der Halleffinall huet hie sech musse géint den Eric Glod behaapten.
Den Eric Glod wier normalerweis de bessere Spiller, esou de Luka Mladenovic. Den Eric Glod géif hie normalerweis ausspillen. De Luka Mladenovic wier awer am Block ganz sécher gewiescht an et hätt alles gepasst. Soubal eng Chance do gewiescht wier, fir unzegräifen, hätt hien och ugegraff, wier dacks aktiv dogéint gaangen. Et wier definitiv säi beschte Match vum Joer gewiescht.
An der Final war et dunn um Traian Ciociu. An och hei huet de Luka Mladenovic alles richteg gemaach.
Hien hätt all seng Bäll getraff an hätt a wichteg Situatiounen, méi riskéiert wéi soss. Et wier alles perfekt opgaangen, esou de Luka Mladenovic.
Tëscht dem Luka Mladenovic an dem Traian Ciociu leie ganzer 36 Joer. De gebiertege Rumän kéint also säi Papp sinn. D'Final war eng ganz taktesch. Den Traian Ciociu hat keng Problemer unzeerkennen, dass de Luka Mladenovic dacks déi richteg Decisioune geholl huet.
De Luka Mladenovic hätt eng gutt Taktik gehat an hätt aggressiv gespillt. Hien hätt einfach drop lass gespillt an hätt schéinen Dëschtennis gespillt.
Bei den Dammen huet sech déi favoriséiert Sarah de Nutte fir 6. Kéier an hirer Karriär den Titel geséchert. Si huet sech an der Finale mat 4:0 géint d'Tessy Gonderinger duerchgesat.
D'Resultat vun de Finallen am Eenzel:
Tessy Gonderinger - Sarah de Nutte 0:4
Luka Mladenovic - Traian Ciociu 4:0
D'Resultat vun den Halleffinallen am Eenzel:
Egle Tamasauskaite - Tessy Gonderinger 1:4
Danielle Konsbruck - Sarah de Nutte 2:4
Eric Glod - Luka Mladenovic 0:4
Gilles Michely - Traian Ciociu 1:4
Nieft den Titelen am Eenzel goufen och d'Championen am Dubbel gesicht. Hei konnt bei den Dammen d'Koppel Sarah de Nutte an Tessy Gonderinger gewannen a bei den Häre geet den Titel un d'Koppel Christian Kill an Eric Glod.
D'Resultat vun de Finallen am Dubbel:
De Nutte / Gonderinger - Hartmann / Tamasauskaite 3:0
Kill / Glod - Thillen / Mladenovic 3:1