Zanter dem leschte Sonndeg ass de Luka Mladenovic neie Champion am Dëschtennis.

Den 18 Joer jonke Sportler ass den Ament um INS am Stage. Mat e bësse Chance kéint hien deemnächst an der 1. däitscher Bundesliga spillen.