FLTT an ETTU hunn de Kontrakt ënnerschriwwen

© RTL Radio Lëtzebuerg / Rich Simon
Am September ass d'Equippen-Europameeschterschaft am Dëschtennis bei eis am Land.
Um Donneschdeg gouf de Kontrakt tëscht der Lëtzebuerger Federatioun an der europäescher Dëschtennis-Federatioun ënnerschriwwen. Während enger Pressekonferenz gouf et Detailer iwwer dëst grousst sportlecht Evenement.
Nodeems am Juli dat leschte Joer offiziell matgedeelt gouf, dass déi EM bei eis am Land ass, huet et awer bis en Donneschdeg gedauert bis dass de Kontrakt ënnerschriwwe gouf. Dat hat ënnert anerem domadder ze dinn, dass et um finanziellen Niveau Meenungsverschiddenheeten tëscht der FLTT an der ETTU gouf. Déi sinn awer elo aus dem Wee geraumt. De Budget fir d'Europameeschterschaft chiffréiert sech bei der Dëschtennis-Federatioun op 1,2 Milliounen Euro. Am Ufank sollt d'Diffusioun op der Televisioun vum Evenement iwwer 2 Deeg goen elo sinn et der awer 3 an do ass ee sech mëttlerweil mat der ETTU iwwer d'Käschten eens ginn. An och um Niveau vun de VIPen an de Gäscht huet een en Arrangement fonnt, wou d'FLTT net méi alles muss bezuelen, esou den André Hartmann.
Ouni Benevollen ass esou eng Europameeschterschaft net ze organiséieren. Eng 200 sinn der am September fir d'FLTT am Asaz.
Bis d'Europameeschterschaft sinn et nach déck 6 Méint. Et wier een am Timing sot den André Hartmann. Elo géif d'Phase vun der Promotioun ulafen.
D'Dëschtennis-Equippen-EM ass vum 13. bis de 17. September an der Coque.