D'Preparatioune lafen op Héichtouren

Vum 13. bis de 17. September ass dëst Joer d'Equippen-Europameeschterschaft am Dëschtennis bei eis am Land.
Dat ass no der Ënnerschrëft vum Kontrakt en Donneschdeg tëscht der Lëtzebuerger Dëschtennis-Federatioun an dem europäesche Verband sécher. Elo bleiwen nach gutt 6 Méint fir Reklamm fir dat Evenement ze maachen.
Et wier een am Timing seet de President vun der FLTT, André Hartmann. An dat bedeit, dass elo d'Promotioun fir d'Europameeschterschaft uleeft. Dozou gehéiere Gadgeten, en Informatiouns-Flyer an um Internetsite an op de Soziale Netzwierker ginn elo regelméisseg Informatioune publizéiert.
D'Europameeschterschaft gëtt also bei eis am Land gespillt. Fir d'Organisateuren ass et awer wichteg d'Groussregioun mat anzebauen. Lëtzebuerg huet jo de Moment d'Presidence vun der Groussregioun an do ass een dann och gewëllt mat de Responsabele vun der Regierung verschidden Aktiounen ze maachen. Dann huet d'FLTT och e gudden Drot mat de Special Olympics an do soll da während der Equippe-EM en Tournoi organiséiert ginn, deen och am Kader vun de Groussregioun soll fonctionnéieren. An och bei de Paralympics ginn et Gespréicher fir Athleten aus der Groussregioun op Lëtzebuerg ze kréien, fir en Tournoi ze spillen.
Geplangt ass dem André Hartmann no awer och de Flüchtlingen eng Méiglechkeet ze ginn, fir bei der EM derbäi ze sinn. Donierft gëtt et nach e Familljendag.
Den André Hartmann rechent domadder, dass iwwert déi 5 Deeg, déi d'Europameeschterschaft dauert, eng 5.000 Spectateuren de Wee an d'Coque wäerte fannen.