D'Damme vu Rued gi Champion
D'Damme vu Rued konnten e Samschdeg den Owend de Championstitel feieren. Et ass no der Coupe schonn hiren zweeten Titel fir dës Saison.
E Samschdeg gouf d'Retour-Ronn vum Championnat gespillt an do ass den DT Rued ouni Néierlag bliwwen an konnt domat souverän den Titel virun Diddeleng an Käerjeng feieren. Si konnte sech mat 5:1 géint d'Union, mat 4:2 géint Diddeleng an och mat 4:2 géint de Champion Sortant Käerjeng duerchsetzen.
Domadder hunn d'Damme vu Rued hir gutt Form aus de leschte Wochen, wou si och d'Coupe gewonnen hunn, confirméiert.

An der Tabell huet Rued 17 Punkten aus 6 Matcher, 5 gewonnen an 1 gläich gespillt. Diddeleng a Käerjeng hu je 11 Punkten. Duerch den direkte Vergläich, Diddeleng huet 1 Mol géint Käerjeng gewonnen an eng Kéier gläich gespillt, ginn déi Diddelenger Vize-Champion.