Am Dëschtennis ass de nächste Weekend den drëtten a leschte Spilldag vum Playoff.

Ettelbréck steet schonns sécher an der Finale, de Géigner do heescht entweder Diddeleng oder Union. Virun zwou Wochen hätte wuel déi mannst un des Situatioun geduecht.

AUDIO: Dëschtennis Diddeleng ënner Drock / Rep. Jeff Kettenmeyer

Diddeleng war bis deen Ament am Championnat ongeschloen an hat eng zolidd Avance virum Playoff.
Du goufen et zwou Néierlagen, als éischt géint d'Union an dunn leschte Weekend géint Ettelbréck.
Fir de Gilles Michely geet de Grond fir de Formdéif schonns e bësse méi wäit zeréck.

D'Defaite an der Coupe Finale huet de Spiller e klenge Knacks an der Confiance ginn. Well schonn dono, fir déi lescht 2 Matcher am Championnat, waren d'Resultater ganz knapp ausgaangen. Da koum nach dobäi, datt d'Landesmeeschterschaft fir déi dräi Lëtzebuerger net esou verlaf war, wéi ee sech dat erhofft hat. Da kënnt dobäi, datt Ettelbréck an d'Union e gudde Match géint Diddeleng gespillt hunn a si manner gutt drop waren.

Wann et spilleresch net wëll klappen, muss een elo zu Diddeleng aner Weeër fannen, fir d'Partien ze wannen. Et muss een um Training a Match ophale mat jéimeren, seet de Gilles Michely, a wann d'Form net stëmmt, da muss ee kämpfen. Wann dat der Equipe an de Kapp erageet, da wäerte si och de Weekend wannen, sou de Gilles Michely weider.

Laang war d'Euphorie zu Diddeleng zimlech grouss an et huet net esou ausgesinn, wéi wann eng Equipe dem Champion richteg geféierlech kéint ginn. No de leschte méi schwaache Wochen ass d'Stëmmung wuel net méi um Top, ma brenzeleg ass et awer nach laang net, sou de Gilles Michely.

De Veräin steet weider hannert de Spiller an der Equipe, dat och no der verluerener Coupefinale an dem Down, deen d'Equipe am Moment huet.

Diddeleng spillt e Sonndeg doheem géint den Houwald an ass am Fall vun enger Victoire sécher an der Finale, dat souguer wann d'Union zu Ettelbréck géif wannen.