An der 1. däitscher Bundesliga konnt sech um Méindeg d'Annalena Mach mat hirem Veräin VC Wiesbaden duerch eng 3:1-Victoire géint Potsdam qualifizéieren.

An der Halleffinall, déi och nom Modus "Best of three" gespillt gëtt, trëfft Wiesbaden op den Tabelleleader aus der Haaptronn, de Schweriner SC.

Déi éischt zwee Matcher si fir de 5. Abrëll zu Schwerin an den 8. Abrëll zu Wiesbaden programméiert.