Den Dëschtennis feelen huet eng excellent Saison realiséiert, an direkt zwou Equippen hunn den Opstig an eng aner Divisioun gepackt.

Nodeems déi éischt Equipe d'Saison 2016 mat Patrick Witters, Ben Majerus, Deni Novalic an Emir Kalac, d'Finale vun der Coupe Julien Mersch, eng offiziell Coupe vun der  FLTT an der Coque géint Berduerf knapps 5-4 verluer hat, huet den DT Feelen d'Saison 2017 all Erwaardunge méi wéi iwwertraff.

Déi éischt Equipe huet mat Bravour den Opstig an déi zweet Divisioun gepackt.

Déi zweet Equipe mat Clemente Antonio, Liu Hong Niam, Knops Michel, Majerus Pol an Bertini Luca huet et iwwerraschend, mee ganz verdéngt den Opstig an déi drëtt Divisioun realiséiert.

Och déi drëtt Equipe mat Leweck Pascal, Knops Daniel, Rastoder Alena, Hoffmann Marc an Liu Louis huet excellent Resultater an der 5 Divisioun gemaach.

Den DT Feeelen spillt de Moment zu 100 % mat Spiller déi an der Gemeng Feelen liewen.