Fenteng no Defaite géint Stroossen ënner Drock

E Sonndeg ass déi zweet Finale vum Volleyball-Championnat bei den Hären. An der Hal um Holleschbierg sti sech Fenteng a Stroossen géinteniwwer.
Een Titel hunn déi Fentenger dëst Joer schonns. Et war och deen éischten an der Veräinsgeschicht. Nämlech dee vun der Coupe. Een zweeten Titel kéint derbäi kommen. Allerdéngs sti si mam Réck zur Mauer. De leschte Samschdeg hunn déi Stroossener nämlech bei sech doheem 3-2 gewonnen. Setzen si sech och e Sonndeg duerch, dann ass den Dram vum Doublé fir déi Fentenger geplatzt. Esou wäit ass et awer nach net.
Service a Receptioun sinn dacks den A an den O am Volleyball. Dat huet bei deene Stroossener de leschte Weekend net ëmmer geklappt, well et deels u Konzentratioun gefeelt huet, sou de Kapitän Ralph Lentz.
De Ralph Lentz wollt sech net ze déif an d'Kaarte kucke loossen wéi Taktik e Sonndeg kéint ausgesinn, fir als Gewënner vum Terrain ze goen.
Op Fentenger Säit weess ee wat e Samschdeg net geklappt huet a wat e Sonndeg muss besser ginn, fir de Match ze gewannen. Et muss ee vun Ufank un ganz effektiv an der Attack an am Block spillen, d'Servicer musse kommen an och d'Receptioun muss besser ginn, sou den Tom Engeldinger.
Déi zweet Finale vum Championnat ass e Sonndeg den Owend um 18.30 Auer.