D'Fransouse konnte no der 3:0 Victoire am Allersmatch, um Samschdeg 3:2 gewannen.

De Lëtzebuerger Chris Zuidberg steet mat sengem Veräin vun Tours aus Frankräich an der Finale vum europäeschen CEV Cup.

Tours konnt sech um Samschdeg mat 3:2 géint Rheinmain Volleys aus Däitschland duerchsetzen. De jonke Lëtzebuerger huet déi zwee lescht Sätz ganz dierfen duerchspillen.

Am belsche Volleyballchampionnat bleiwt Maaseik mam Kamil Rychlicki no engem kloren 3:0 géint Lindemanns Aalst souverän un der Spëtzt vun der Tabell.