Walfer wënnt Championstitel

© Marc Burelbach
An engem spannende Match wënnt Walfer déi zweet Finale mat 3:1.
No der 3:1 Victoire an der éischter Finale zu Dikrech, huet Walfer haut eng Victoire gebraucht fir sech de Championstitel ze sécheren. Ma dëst wollt de CHEV Dikrech verhënneren.
Den éischte Saz konnt Walfer sech relativ séier sécheren, dat duerch eng zwou Serien un Opschléi, déi dem walfer Spill gutt gedo hunn. Mat 25:18 goung dee Saz u Walfer.
Ma Dikrech huet sech am zweete Saz gewiert, vill laang Ballwiessel gewonnen an domat wichteg Punkte markéiert, sou dass si sech dësen zweete Saz mat 25:22 séchere konnten.
Am drëtte Saz konnt Walfer sech dunn direkt ee 6:0 Avantage erspillen. Et huet ee gemengt elo kéint Walfer sech entscheedend ofsetzen, dat spéitstens wéi Walfer een 12 Punkte Virsprong hat. Ma Dikrech huet net opginn a sinn nach op 23:24 erukomm. Do huet Walfer dunn awer deen entscheedende 25. Punkt gemaach an domat konnte si mat 2:1 an de Sätz a Féierung goen.
Am 4. Saz ass et dunn richteg spannend ginn. Dikrech huet praktesch de ganze Saz gefouert mat bis zu 4 Punkten, ma Walfer huet net labber gelooss. Dikrech louch mat 24:21 am Avantage, ma Walfer huet gekämpft an entscheed de Saz um Enn mat 28:26 fir sech an domat och de Match. Walfer Wënnt den Titel géint Dikrech.

© Marc Burelbach