Volleyball Hären
Stroossen wënnt géint Fenteng an ass Champion
Stroossen wënnt de Championstitel am Volleyball
Fir de Kapitän vun der Equipe Ralf Lenz war et schonn den 20. Titel a senger Karriär.
An enger spannender Finall vum Play Off klappt den Volleyball Club vu Stroossen de Club vu Fenteng mat 3:2 an däerf sech als neie Champion feieren.

Am leschtem a definitiven 5.Saz, dem "Golden Set" ass d'Entscheedung um Holleschbierg gefall.
Den 1. an den 2. Saz konnt Stroossen mat 25-17 respektiv 25-20 gewannen, den 3. an de 4. Saz sinn op de Compte vu Fenteng gaangen.
Mat dem 15-13 am leschte Saz hunn d'Stroossener awer de Sack zougemaach an däerfe glécklech de Championstitel feieren.


Am meeschte gelies