De VC Stroossen huet dës Saison de Championstitel verdeedegt. Fir dass een de Niveau an Zukunft kann halen, muss och d'Jugendaarbecht stëmmen.

Dëse Weekend sinn am Volleyball-Championnat, souwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären d'Decisiounen ëm d'Meeschterkroun scho gefall. Walfer huet, scho quasi wéi erwaart den Doublé realiséiert. Bei den Häre wollt Fenteng dat och eng éischte Kéier packen. No zwee Matcher an der Finale, geet den Titel awer eng 14. Kéier op Stroossen.

AUDIO: Stroossen an eege Jugend / Reportage Franky Hippert

De VC Fenteng hat d'Coupe scho gewonnen. U sech ass d'Equipe vum Holleschbierg och als Favorit an d'Final vum Championnat gaangen. D'Potenzial war do, nodeems een am Championnat bis d'Finale nëmmen eng Partie verluer hat, ma Stroossen ass nees iwwert sech erausgewuess an do war näischt ze maachen, sou de President a Spiller Jacques Feyder.

No der Defaite an der Coupe war de Championnat nach déi eenzeg Méiglechkeet fir de VC Stroossen dës Saison en Titel ze gewannen. Fir de Ralf Lentz, fir deen et elo déi 20. Coupe am Champion zesumme mat sengem Veräin ass, war et keng einfach Saison. Stroossen ass Titele gewinnt, dat erwaart och jiddereen, ma dass een dës Saison nëmmen als Drëtten an de Playoff gaangen ass, an Underdog war, fënnt de Ralf Lenz net schlëmm.

Beim alen an neie Champion, awer net nëmmen do, ass een sech awer och bewosst, datt een an Zukunft nees méi an déi eege Jugend muss investéieren. Stroossen ass do de Moment relativ dënn besat, ma et schafft een awer drun nees eng Jugend opzebauen.

Och den Trainer vu Stroossen, den Ulf Quell, dee mat Friedrichshafen als Assistent-Coach d'Champions League gewonnen hat, gesäit dat esou. Un der Breet géing et de Moment schonn e bësse feelen. Wichteg wär awer och, datt d'Veräiner gutt Trainer engagéieren, fir dass d'Kanner och beim Volleyball bleiwen. Den Ulf Quell mengt, datt Lëtzebuerg do nach méi kéint maachen an d'Qualitéit vum Lëtzebuerger Volleyball weider an d'Luucht geet.

Fir datt d'Lëtzebuerger Volleyball-Nationalequippen och op eng breet Base vu Spiller zeréckgräife kënnen ass et ëm sou méi wichteg, datt d'Veräiner an Zukunft ee vun den Haaptakzenter op d'Jugendaarbecht leeën.