De 76. Kongress vun der Dëschtennisfederatioun zu Fréiseng war e rouegen. Den Ordre du Jour war awer gutt gefëllt.

22 Punkten stoungen drop an et hat ee sech op eng relativ laang Sëtzung agestallt. De Kongress huet bal 2 Stonne gedauert. 65 Veräiner vun de 84 waren e Samschdeg de Mëtteg vertrueden.

AUDIO: Kongress Dëschtennisfederatioun / Reportage Serge Olmo

Natierlech huet de President vun der Federatioun André Hartmann vill iwwer d’Equippen-EM 2017 geschwat. Et ass eng ASBL gegrënnt ginn, fir d’EM vum 13. bis de 17. September zu Lëtzebuerg esou gutt wéi méiglech ze organiséieren.

E wichtegen Datum ass zum Beispill den 12. Juli, wou d’Gruppe fir d’EM wäerten ausgeloust ginn.

D’Promotioun fir dat Evenement gëtt ganz grouss geschriwwen haaptsächlech iwwert di sozial Medien. Eng ronn 200 Fräiwëlleg hu sech sech schonn ugemellt fir mat ze schaffen. Bis elo ass den Intressi bei de Leit schonn emol ganz grouss an et fäert een och net herno an eidelen Hale mussen ze spillen, sou den André Hartmann.

Allgemeng ass di finanziell Situatioun vun der FLTT ganz stabel.

Sportlech goufen et 2016 verschidden grouss Highlighten. D'Ni Xia Lian war jo op den Olympeschen Spiller bis an d’16tels-Finale komm an d’Dëschtennis Dammen-Nationalequipe war 2016 nees als bescht Equipe vum Joer geéiert ginn.

Vum 19. bis de 27. Mee ass jo di chinesesch Nationalequipe am Stage an der Coque an dat kuerz virun der Weltmeeschterschaft zu Düsseldorf. Wéi och d’EM ass dësen Highlight mat ganz vill Organisatioun verbonnen. D’Dëschtennisfederatioun hofft en Trainingsdag vun de Chineese kënnen un ze bidden, dee vum Publik suivéiert ka ginn.

No engem Vote tëscht dem Dëschtennis Mäertert an dem Dëschtennis Miedernach ass erauskomm, datt de nächste Kongress zu Miedernach wäert organiséiert ginn.