Mat sengem Veräin huet sech de Chris Zuidberg mat 0:3 géint Trentino misse geschloe ginn. De Retourmatch ass e Samschdeg zu Tours.

D'Italiener vun Trentino konnte sech doheem mat 3:0 (25:14, 25:19 a 25:17) géint Tours Volleyball aus Frankräich, wou och de Lëtzebuerger Chris Zuidberg spillt, duerchsetzen. Domadder hunn d'Spiller vun Trentino eng gutt Ausgangspositioun, fir den CEV Cup, déi zweet Héchsten europäesch Club-Kompetitioun am Volleyball, ze gewannen.

De Retourmatch ass e Samschdeg, de 15. Mäerz zu Tours.