Zanter dem 12. Abrëll an nach bis de 15. ass an der Coque déi 10. Editioun vun de Luxembourg Open am Dëschtennis. Lëtzebuerg ass nees gutt vertrueden.

Am ganze si 70 Dëschtennisspillerinnen an 100 Dëschtennisspiller an der Coque am Asaz. Dovunner kommen der 16 aus dem Grand-Duché.

Bei den Damme waren ënnert anerem d'Sarah de Nutte, d'Tessy Gonderinger an d'Danielle Konsbruck mat vun der Partie. D'Sarah de Nutte huet zu de beschte Spillerinnen, déi bei de Luxembourg Open gemellt ware, gezielt. Bis elo war eng Bronzemedaile am Joer 2014, déi beschte Plazéierung. Bei der Editioun 2017 konnt si sech net verbesseren. Déi 5-fach Championne huet d'Ronn vun de leschte 4 Spillerinne verpasst. Nach mat dobäi ass d'Tessy Gonderinger.