Am Retourmatch konnt Tours Volley-Ball sech géint Trentino duerchsetzen

Nodeems Tours Volley-Ball den Allermatch an der Finale vum „CEV Cup“ kloer mat 0:3 géint Trentino Diatec verluer hat konnte si e Samschde mat enger 3:1 Victoire de Golden Set erzwéngen. Dem Chris Zuidberg seng Matspiller hunn och an dësem Saz hir Heemstäerkt bewisen an dëse mat 15-13 gewonnen. Och wann de fréiere Luerenzweiler net zum Asaz koum, ass hien den éischte Lëtzebuerger deen als Spiller eng Coupe d’Europe am Volleyball gewonnen huet.