Am Playoff am belsche Volleyball-Championnat konnt de Kamil Rychlicki eng weider Victoire verbuchen.

Géint den direkte Konkurrent Roeselaare setzt sech Noliko Maaseik mat 3:1 duerch a qualifizéiert sech domat sécher fir d'Finale am Championnat.

Donieft gouf de Lëtzebuerger als beschte Spiller vun der Saison bei sengem Club ausgezeechent.