Volle Programm fir FLVB-Formatioun an den nächste Wochen

© pressphoto.rtl.lu (archiv)
D'Saison am Volleyball ass eriwwer, dofir geet et elo awer fir FLVB-Formatioun lass.
Déi meescht Equippesportaarten hei zu Lëtzebuerg steieren op d'Héichpunkter hin. Am Volleyball ass d''Saison fir d'Veräiner schonn eriwwer. Dat gëllt awer net fir d'Nationalspiller. De Routinier vun der FLVB-Formatioun Arnaud Maroldt a seng Equipieren hunn elo an de nächste Wochen e Programm, dee bis uewen hi vollgepaakt ass.
Lass geet et mat engem Frëndschaftslännermatch e Samschdeg-8-Deeg géint d'Schwäiz. Den 12. Mee ass et dann an Island d'Europameeschterschaft vun de klenge Länner. Déi lescht Woch am Mee stinn a 6 Deeg 5 Matcher bei der zweeter Ronn vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun an Holland um Menu. Direkt hannendru fänken dann d'Spiller vun de klenge Länner a San Marino un. Do wëll d'FLVB-Formatioun den Titel dann verdeedegen, seet den Arnaud Maroldt:
Den Arnaud Maroldt, deen als Kollektivsportler, als Escher Sportler vum Joer gewielt gouf, ass de Routinier vun der FLVB-Formatioun, de Star vun der Equippe ass awer sécherlech de Kamil Rychlicki. Den 20 Joer ale Nationalspiller ass bei sengem belsche Veräin Masseik direkt an senger éischter Saison als Profi, als beschte Spiller vu sengem Club gewielt ginn, deen och an der Finall vum Championnat steet.
Vill Zäit fir sech z'erblosen hunn d'Lëtzebuerger Volleyballspiller an de nächste Wochen net. Et dierf ee gespaant sinn, ob wéi eng Kompetitiounen d'Nationaltrainer Scholl an Krivov d'Haaptakzenter leeën, well et schéngt kloer, datt een net permanent während engem Mount um maximale Level ka spillen.