An de Playoffs vum Belsche Volleyball steet de Kamil Rychlicki mat Maaseik an der Finale vun de Playoffs.

Um leschte Spilldag vum Playoff am belsche Volleyballchampionnat konnt de Kamil Rychlicki mat Maaseik nach emol eng 3:0 Victoire géint Aalst verbuchen. Domatt schléisst Maaseik de Playoff mat nëmmen 2 Defaitten aus 10 Matcher of. An der Finale, déi am Modus „best of five“ wäert gespillt ginn, spillt Maaseik géint den Dauerrival Roeselare.