De Kamil Rychlicki wënnt mat Maaseik géint Roeselare.

An der Finale am belsche Volleyballchampionnat, déi nom Modus Best of Five gespillt gëtt, gewënnt Maaseik mam Lëtzebuerger Kamil Rychlicki den éischte Match mat 3:2 géint Roeselare.

De Lëtzebuerger, den ënnert der Woch als drëttbeschte Spiller vun der ganzer Divisioun ausgezeechent gouf, koum dës Kéier just zu engem kuerzen Asaz am véierte Saz. Schonn e Méindeg ass déi zweet Finall um 20:30 zu Roeselare.