Am belsche Volleyballchampionnat ass d'Decisioun gefall. Maaseik huet sech am véierte Match bannent enger Woch nees eng Kéier misse mat 2:3 geschloe ginn.

D'Spiller ronderëm de Kamil Rychlicki konnten zwar nach e 0:2 Réckstand ophuelen, hunn awer am fënneften an decisive Saz mat 14:16 géint Roeselare verluer. An der Serie Best of Five setzt sech deemno Roeselare mat 3-1 géint Maaseik duerch, déi  d'Saison wéi och schonn d'lescht Joer op der zweeter Plaz am Championnat ofschléissen.