Um Samschdeg déi éischt vu méiglechen 3 Finallen am nationalen Dëschtennis Championnat. D'Etzella konnt d'Victoire aus der Coupe net widderhuelen.

Am éischten Eenzel huet de Fejer-Konnerth géint den Ettelbrécker Olteanu missen untrieden. Dëst ass fir kee vu béide Spiller eng einfach Partie, well se allen zwee zu de beschte Spiller am Land gehéieren. De fréieren Däitschen Nationalspiller huet sech dëse Match trotz 5:1 Réckstand am 5. an entscheedende Saz konnten huelen. Mat 12:10 am leschte Saz, séchert hie sech a senger Equipe ee wichtege Punkt.

Am zweeten Eenzel war et de Match tëscht dem Diddelenger Gilles Michely an dem Irfan Cekic. De Gilles Michely konnt sech déi éischt zwee Sätz sécheren an et huet no enger klorer Affaire ausgesinn. Ma den Cekic huet sech zeréck an de Match gekämpft an ass nach bis an de 5 Saz komm, do huet de fréiere Landesmeeschter, Gilles Michely alles kloer gemaach an no puer verschossene Matchbäll dunn de Punkt fir Diddeleng gemaach.

RTL

De Gilles Michely konnt ee wichtege Punkt fir seng Equipe erkämpfen.

Diddeleng hat also no den éischten zwee Eenzel eng komfortabel Féierung.

Als nächst huet den Eric Thillen misse géint de Mike Bast untrieden an de Christian Kill krut et mam Lëtzebuerger Champion Luka Mladenovic ze dinn. Dëst waren alle béid zwee Matcher op Aenhéicht. Déi Diddelenger Bast a Kill konnten déi jonk Ettelbrécker a Schach halen a si mat 4:0 a Féierung gaangen. Dëst war schonns eng kleng Virentscheedung, well den DTD huet nëmme méi ee Match gebraucht fir dës éischt Finale fir sech ze entscheeden.

No enger klenger Paus, goufen dunn d'Eenzel 5 a 6 gespillt. Hei huet de Gilles Michely et mam Dragos Olteanu ze di gehat an de Fejer-Konnerth huet misse géint den Irfan Cekic untrieden. Ettelbréck huet et nach eng Kéier spannend gemaach, well den Olteanu wéi ze erwaarde géint de Gilles Michely gewonnen huet an den Irfan Cekic huet  iwwerraschend géint den Fejer-Konnerth gewonn.

Domat huet d'Etzella zwee weider Matcher erzwongen. De Luka Mladenovic géint de Mike Bast an den eric Thillen géint de Christian Kill. De Christian Kill huet hei kuerze Prozess mam Eric Thillen gemaach a gewënnt 3:0, esou dass Diddeleng dës éischt Finale mat 5:2 gewënnt.

RTL

De Landesmeeschter Luka Mladenovic hat um Samschdeg net dee beschten Dag erwëscht.

Déi zweet Finale gëtt nächste Samschdeg dann zu Ettelbréck am Däich gespillt.