Am Dëschtennis huet de leschte Samschdeg Diddeleng doheem deen éischte Match vun der Titel-Finall mat 5:2 géint Ettelbréck gewonnen.

AUDIO: Magazin Spin / Reportage Jang Mathes

Déi Partie war awer vill méi enk, wéi dat plakegt Resultat um Enn et ausseet.

Viru knapp 8 Deeg louch Diddeleng no deene 4 éischte Simplë schonn däitlech mat 4:0 vir, wat u sech op eng kloer Affaire higedeit huet. Dobäi sinn déi 3 éischt Partien all Kéiers eréischt an der ''Belle'' decidéiert ginn. Dat eleng weist, wéi ëmstridden déi eenzel Matcher waren, an dass si och grad esou gutt anescht hätte kënnen ausgoen.

Dorop, an och op d'Reaktioun vu senge Spiller duerno, stäipt sech den Ettelbrécker President a Coach Stéphane Dijou, wann hien op déi zweet Partie no vir kuckt.

Fir den Diddelenger Christian Kill war emol dat Allerwichtegst, dass si déi éischt Finall fir sech entscheede konnten. Hie weess awer och, dass de Wee op Ettelbréck alles anescht wéi e Spadséiergank ass.

Gewosst war vu vir eran, dass déi Ettelbrécker net esou gär zu Diddeleng spillen. Deen zweete Match ass elo zu Ettelbréck, a fir de Stéphane Dijou ass dat schonn e grousse Plus.

Dass déi Diddelenger net gär sollen zu Ettelbréck untrieden, iwwerrascht de Christian Kill schonn e bëssen.

Béid Säite ginn deemno mat groussem Optimismus an déi zweet Finall, déi jo schonn decisiv ka sinn, am Fall nämlech, wou Diddeleng och déi gewanne sollt. D'Finall vum Dëschtennis-Championnat gëtt jo bekanntlech am Modus Best-of-three gespillt.

Déi zweet Finall kënn Dir e Samschdeg den Owend vun 19.30 Auer un op RTL.lu am Livestream suivéieren.