Um Sonndeg hunn d'Lëtzebuerger misse géint Nordirland untrieden.

An der Divisioun vun de klenge Länner am Härevolleyball ka sech Lëtzebuerg no 2015 eng zweete Kéier hannerteneen iwwert d'Goldmedail freeën.

No der iwwerraschend klorer 3:0-Victoire e Samschdeg géint Zypern hunn déi Rout Léiwen um Sonndeg géint Nordirland näischt méi ubrenne gelooss an de ganze Match mat der Reserve duerchgespillt.

D'Victoire an 3 Sätz op 21 an zweemol op 14 war u sech just nach eng Formsaach. Beschte Scorer vum Match war de Steve Weber mat  14 Punkten.

RTL

© Marc Burelbach

An der Divisioun vun de klenge Länner hunn d'FLVB-Hären domat also hir Goldmedail vu virun 2 Joer confirméiert.

Donieft goufe gläich 4 rout Léiwe mat individuellen Auszeechnunge belount. De Chris Zuidberg als MVP vum Tournoi, de Kamil Rychlicki als beschten Attaquant, den Arnaud Maroldt als beschten Diagonalspiller an de Lëtzebuerger Kapitän als beschte Passeur.