An de Matcher géint Island, Zypern an Nordirland hunn d'Lëtzebuerger Volleyball-Häre just 1 Saz missen ofginn.

Am Volleyball konnt sech d'Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe e Sonndeg nees den Titel an der Small Countries Division sécheren, engem Tournoi mat deenen méi klengen europäeschen Länner. Am grousse Ganze muss ee festhalen, datt déi 3 Victoiren géint Island, Zypern an Nordirland ganz däitlech waren.

AUDIO: Volleyball-Häre-Victoire / Reportage Jeff Kettenmeyer

De Bilan ass effektiv ganz positiv. D'Lëtzebuerger Volleyball-Hären hu sech an Island nees vun hirer beschter Säit gewisen. An den 3 Matcher hu si nëmmen 1 Saz verluer, a kee Géigner war no drun, fir der Equipe em de Kapitän Gilles Braas geféierlech kënnen ze ginn.

Et huet ee selwer wéineg Feeler gemaach an awer vill Drock op de Géigner ausgeüübt, sou de Kapitän. Dee Saz géint Island huet ee verluer, well engem e puer Dommheete virkomm sinn an een onkonzentréiert war. Am zweete Saz géint Zypern gouf et dann och e puer Dommheetsfeeler, ma am Groussen a Ganze kann ee soen, datt d'Lëtzebuerger dominéiert hunn.

Virun allem déi däitlech 3-0 Victoire géint Zypern ass ervirzehiewen. D'Zypriote sinn u sech ee Géigner, géint deen d'Lëtzebuerger dacks zolidd Problemer haten, dëst d'Kéier war dat ganz anescht. Virun 2 Joer hat een  Zypern zanter 30 Joren mol nees eng Kéier geklappt, dat deemools mat 3:2.

Fir d'Lëtzebuerger Volleyballspiller ass awer net vill Zäit bliwwen, fir den Titel ze feieren, well et e Méindeg de Moien frei schonns aus Island nees Richtung Lëtzebuerg gaangen ass. De Kalenner ass déi nächst zwou Woche souwisou extrem gefëllt, seet de Gilles Braas. Déi kuerz Zäit, déi een um Sonndeg awer hat, huet ee genotzt, fir den Titel ze feieren, well een och dëst Joer nees dat bescht klengt Land an Europa ass.

D'Nächst Woch steet dann d'WM-Qualifikatioun an Holland um Programme. Do spillen d'Lëtzebuerger 5 Matcher bannent 6 Deeg.