Ustrengend Woche fir d'Lëtzebuerger Volleyball-Hären

© Pressphoto.rtl.lu
Nom Succès an Island an der Small Countries Division ass et elo un der WM Qualifikatioun an Holland fir d'FLVB-Selektioun.
E Méindeg ass d'Hären-Nationalequipe aus Island nees Heem komm.
Des Woch steet e bësse Regeneratioun, ma awer virun allem och nees Training um Programm, well schonns d'nächst Woch d'WM-Qualifikatioun an Holland lass geet.
No der Victoire an der Small Countries Division kommen awer elo aner Géigner op d'Lëtzebuerger duer, sou de Kapitän Gilles Braas.
Do waarden dann d'europäesch Topteams Holland, Griichenland an d'Slowakei. Dat sinn alles Equippen, déi an den Top20 an Europa sinn. De Gilles Braas gesäit et als flott Experienz fir sech géint déi Teams moossen ze kënnen. Donieft geet et och nach géint Moldawien an Éisträich. Deemno wéi rechne sech do d'Lëtzebuerger méi eng enk Partie aus. Et kënnt ee béid Equippen an do misst ee sech net verstoppen.
Déi lescht Joren hunn d'Lëtzebuerger Hären sech ëmmer nees weider entwéckelt, obwuel den Niveau souwisou schonns relativ héich war.
Dem Gilles Braas no huet virun allem de Kamil Rychlicky a senger éischter Saison an der Belsch nach ee Schratt no vir gemaach, deen der ganzer Equipe hëlleft. Hie wier eng Sail an der Lëtzebuerger Equipe, op déi een ëmmer ziele kéint. Et géif ee mierken, dass hien déi Saison am Ausland immens Progrèsen gemaach huet. Ma och d'Equipe huet elo e Schrëtt weider gemaach, sou de Gilles Braas.
No der WM Qualifikatioun geet et dann direkt mat de Spiller vun de klenge Länner a San Marino virun.