Optakt vun der WM-Qualifikatioun an Holland

© pressphoto.rtl.lu / Archivbild
Am Volleyball sinn et den Ament stresseg Woche fir d'Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe.
No der Victoire an der Small Countries Division an Island geet et vun en Dënschden un an Holland an der WM Qualifikatioun géint 5 Géigner bannent 6 Deeg. Fir d'FLVB geet et fir den Optakt en Dënschde géint Holland, duerno heeschen d'Géigner nach Slowakei, Éisträich, Moldawien a Griichenland.
Dem Kapitän Gilles Braas no muss een d'Erwaardunge géint dës deelweis richteg gutt europäesch Equippen adaptéieren. D'Moldawen an d'Éisterräicher géif ee kennen. D'Éisterräicher wären zwar immens staark, ma et hätt een ëmmer gutt géint si gespillt. Och d'Moldawe wäre staark, ma et bräicht ee sech net ze verstoppen.
Déi aner Woch stinn da schonns d’Spiller vun de klenge Länner a San Marino um Programme.