De Veräin muss sech am Seniorsberäich nei Opbauen a wäert dowéinst déi nächst Saison net méi an der ieweschter Divisioun am Dëschtennis kënne spillen.

Et ass eng komesch Situatioun am nationalen Dëschtennis. No enger extrem spannender Finale tëscht Ettelbréck an Diddeleng steet eben och fest, datt eng vu béiden Equipen d'nächst Joer net méi éischtklasseg wäert sinn. Déi Ettelbrécker hunn nämlech fir déi nei Saison keng kompetitiv Equipe méi.

AUDIO: Neiopbau beim DT Ettelbréck / Reportage Jeff Kettenmeyer

Alt ze vill hätt net fir de Championstitel gefeelt, ma och dat hätt am Endeffekt en Vue vu nächster Saison net méi vill geännert. Déi verpasste Meeschterkroun war e Sonndeg net den eenzege Grond, datt zu Ettelbréck d'Trauer dominéiert huet. De grousse Konkurrent vun Diddeleng wäert déi nächst Saison net méi do sinn.

De Veräin muss sech nei opbauen, op d'mannst mol wat den Seniors Beräich ugeet, seet de President Stéphane Dijou. Et war scho gewosst, datt de Luca Mladenovic an Däitschland géing goen, ma wou nach dobäi koum, datt den Irfan Cekic de Veräin verléisst, war gewosst, datt een nei Ufänke misst.

Déi 4 Ettelbrécker Spiller, déi an der Finale stoungen ginn also elo nei Weeër. Den Irfan Cekic wäert an der neier Saison wuel fir den Houwald spillen, den Dragos Olteanu kéint et nach fir ee Joer an déi zweet däitsch Bundesliga zeien. Den Eric Thillen huet schonns bei engem aner Veräin ënnerschriwwen, wollt no der Finale awer nach net soen wou, ma an Dëschtenniskreesser gëtt Iechternach als méiglechen neie Club genannt. De Luka Mladenovic bedauert, wéi d'Aventure Ettelbréck op en Enn geet.

Et ass fir de Spiller schuet, well déi Equipe eemoleg war. D'Equipe huet sech perfekt verstanen. Dowéinst ass et Schued, datt et mat der Finale, déi verluer gouf, op en Enn geet.

Déi Diddelenger ëm de Gilles Michely musse sech iwwer d'Summerpaus allerdéngs anescht motivéieren, wéi déi lescht Joren. Si waren den Usporn, grad am Summer, wann ee bei 40 Grad an der Hal trainéiert huet, huet een un Ettelbréck geduecht.  Vläit ginn et dann elo aner Equippen, déi dowéinst méi staark ginn. De Gilles Michely fënnt et dann och gutt, datt de Luca Mladenovic seng Aventure am Ausland wäert maachen.

De Mladenovic spillt déi nächst Saison jo fir Mainz.