WM-Qualifikatioun
Lëtzebuerger Volleyball-Häre verléiere géint Holland

© RTL-Archiv
An der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun am Volleyball an Holland hunn déi Lëtzebuerger Hären 1-3 géint d'Lokalequipe verluer.
Deen 1. Saz hat d'FLVB-Selektioun nach mat 25-22 géint den Olympiagewënner vun 1996 fir sech entscheet. Den Kamil Rychlicki war mat 17 Punkten beschte Spiller vum Match. Duerno goufen déi nächst 3 Sätz awer verluer, an domat och de Match.
NL - LUX: 22-25; 25-16; 25-21; 25-15
Am zweete Match vun am ganze fënnef, spillen d’Rout Léiwen um Mëttwoch den Owend um 17.30 Auer géint d'Slowakei, déi hiren 1. Match iwwerraschend mat 1:3 géint Éisträich verluer hunn.
Am meeschte gelies