Op der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun an Holland hunn d'Volleyball-Hären eng zweet Defaite missen astiechen.

Wéi schonn am Match géint d'Hollänner, hu sech déi Rout Léiwen nees vun hirer beschter Säit gewisen. Géint Slowakei, aktuell Nummer 12 an Europa konnte si an de Sätz 2 an 3 gläich e puer Matchbäll ofwieren, verléieren um Enn awer mat 0:3.

Och dës Kéier war de Lëtzebuerger Kamil Rychlicki nees beschte Marqueur vum Match mat 20 Punkten. De Jan Lux gouf mat 4 Punkten beschte Blockspiller vum Match.