Volleyball: WM-Qualifikatioun
Lëtzebuerger Häre verléiere mat 0:3 géint Éisterräich

D'Lëtzebuerger Volleyball-Nationalequipe ass de Moment an Holland bei der WM-Qualifikatioun am Asaz.
No den Defaitë géint Holland an d'Slowakei gouf et um Donneschdeg eng 0:3 Néierlag géint Éisterräich. D'Lëtzebuerger Häre waren an den 3 Sätz all kéiers knapp ënnerleeën. Am éischte Saz hat d'FLVB-Selektioun souguer Sazball konnt dësen awer net verwäerten. Am drëtte Saz huet de Lëtzebuerger Coach och Spiller aus der Reserve agesat, déi géint déi éischt 6 aus Éisträich gutt matgehalen hunn.
Lëtzebuerg - Éisterräich 24:26 23:25 20:25
E Samschdeg respektiv e Sonndeg spillen d'Lëtzebuerger nach géint Moldawien, déi bis elo och nach keng Partie konnte gewannen, a géint Griichenland.
Am meeschte gelies