Dësch-Tennis WM
Glod, Mladenovic an Ni Xia Lian/Mladenovic gewannen

Bei der Dësch-Tennis WM zu Düsseldorf huet d’Qualifikatioun gutt ugefaangen fir d’Lëtzebuerger.
Den Eric Glod gewënnt 4 - 0 géint e Spiller aus Neiseeland. De Luka Mladenovic gewënnt duerch e Forfait vum Badowski aus der Sierra Leone och mat 4 - 0. Am Double mixte haten de Luka Mladenovic an d’Ni Xia Lian mat 3 - 0 och kee Problem géint eng Koppel aus Indonesien.
Am meeschte gelies