Am Doubel goufen Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte awer virun der 16tels Finale eliminéiert.

Bei den Damme stounge jo schonns Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte am Haapttableau.

An hirem éischte Match konnt d'Ni Xia Lian sech kloer mat 4:0 géint d'Paula Medina aus Kolumbien duerchsetzen. Domadder kënnt d'Lëtzebuergerin an d'Ronn vun de leschte 64. Hir nächst Géignerin ass d'Nummer 28 op der Welt, d'Ungarin Georgina Pota.

De Match vum Sarah de Nutte dogéint war méi spannend, ma och si konnt sech zum Schluss mat 4:3 géint Huang Yu-Wen aus Taipeh duerchsetzen. An der nächster Ronn trëfft d'Lëtzebuergerin awer op d'Chinesin Zhu Yuling, déi aktuell Nummer 3 op der Welt.
Bei der Dëschtennisweltmeeschterschaft zu Düsseldorf huet den Eric Glod sech mat 4:0 (11:8, 11:6, 11:7, 11:6) géint d'Nummer 15 op der Welt aus Frankräich misse geschloe ginn. De Simon Gauzy war um Enn ze staark fir de Lëtzebuerger, deen awer bis zum Schluss gutt matgespillt huet.

Och fir de Luka Mladenovic (WR 410) ass et eriwwer. De jonke Lëtzebuerger verléier géint de Cho Seungmin aus Korea knapp mat 3:4 (11:9, 4:11, 6:11, 11:7, 13:15, 11:9, 8:11). De Koreaner ass d’Nummer 86 op der Welt.

Am Doubel ass et fir Ni Xia Lian an de Sarah de Nutte gelaf. An der 32tels Finale hu si sech misse mat 3:4 géint déi däitsch Koppel Petrissa Solja a Sabine Winter geschloe ginn, obwuel si nach mat 2:0 an 3:2 vir waren.