"Par Equipe" konnte sech d'Dammen aus dem Grand-Duché an der Finale 3:0 géint Malta duerchsetzen.

D'Tessy Gonderinger, d'Danielle Konsbruck an d'Egle Tamasauskaite si par Equipe fir Lëtzebuerg a San Marino ugetrueden an hu Gold geholl.

D'Hären sinn och bis an d'Finale komm, ma do ware si Monaco mat 0:3 ënnerleeën. Fir si ass eng Sëlwermedail erausgesprongen.

AUDIO: Extrait Gilles Michely