Victoire fir den Ademir Balaban
Um Weekend waren an der Coque déi international Jugendmeeschterschaften am Dëschtennis, dat mat enger Lëtzebuerger Victoire.
Nodeems de Lëtzebuerger d'Halleffinale mat 3:2 gewanne konnt, konnt de Spiller vum DT Houwald sech kloer an 3 Sätz géint de Lars Posch aus der Schwäiz duerchsetzen.
Gutt Leeschtunge gouf et och vum Eric Thillen, deen op déi gutt 4. Plaz am Klassement kënnt.

Hei de Podium vun de Jongen, ganz uewen den Ademir Balaban, leider net op de Podium gepackt huet et no enger gudder Performance, den Eric Thillen (riets am Bild). / © Claude Siebenaler/FLTT
Bei den Dammen war et och eng Spillerin vum Houwald, déi fir dat bescht Lëtzebuerger Resultat gesuergt huet. D'Sarah Meyer kënnt hei d'nämmlecht ewéi den Eric Thillen bei den Hären op déi 4. Plaz.