Walfer bäi den Dammen a Stroossen bäi den Hären hu sech fir den europäeschen Challenge-Cup am Volleyball ugemellt.

Den Doublégewënner Walfer muss an der 1/16 Finall géint déi staark Equipe vu Bursa aus der Tierkei untrieden.D'Tiirkei huet de Moment déi stäerkste Liga am Dammevolleyball: 2017 woren 3 tierkesch Veräiner ënnert den éischte 5 an der ChampionsLeague, Bursa huet am Championnat op der 5. Plaz ofgeschloss an ass Titelverdeedeger am Challengecup.

Den VC Stroossen muss schonn an der 1/32 Finall untrieden a krut do Levski Sofia aus Bulgarien zougeloust.