En Donneschdeg koum d'Nouvelle, dass nach e Lëtzebuerger Volleyballspiller an d'Ausland wiesselt. De Philippe Glesener huet beim ASUL Lyon ënnerschriwwen.

Den 19 Joer jonke Lëtzebuerger Nationalspiller huet e Kontrakt vun 2 Joer, mat der Méiglechkeet nach op 4 Joer ze verlängeren, beim franséische Volleyball-Club ënnerschriwwen. D'Decisioun wier bewosst op den ASUL Lyon gefall, well hien do all d'Viraussetzungen hätt, Profisport a Studium ze kombinéieren, sou de Philippe Glesener.