Um Sonndeg Owend hat Lëtzebuerg den entscheedende Match. D'Lëtzebuerger Damme wannen um Enn kloer 3:0 géint Färöer Inselen a kréie Sëlwer.

Um Sonndeg haten d'Lëtzebuerger Dammen no der Victoire vun Island et selwer an der Hand, fir nach op déi zweete Plaz op der EM vun der Small Countries Division ze kommen. Si hu vun Ufank un de Match dominéiert. D'Damme vun de Färöer Inselen si just am zweete Saz bäikomm. Den éischte Saz konnten d'Lëtzebuergerinnen mat 25:17 gewannen. Deen zweete Saz ass mat 26:24 op en Enn gaangen an am leschte Saz hunn d'Lëtzebuerger Dammen 25:9 gewonne. Um Enn kann ee soen, dass Lëtzebuerg verdéngt déi zweet Plaz erreecht huet.

Zanter e Freideg waren d'Lëtzebuerger Volleyball-Dammen an der Coque bei den Europameeschterschafte vun der Small Countries Division géint Zypern, Schottland, Island an d'Färöer Inselen am Asaz. E Freideg den Owend war den Optaktmatch. D'Lëtzebuerger Nationalequipe hat hiren 1. Match an der Europameeschterschaft vun de Klenge Länner mat 3:1 géint Zypern gewonnen. No dësem optimalen Optakt stoungen um Samschdeg direkt zwou Partie fir d'Lëtzebuergerinnen um Programm. Déi éischt Partie vum Dag konnten d'Lëtzebuergerinne mat 3:0 (25:20, 25:16 a 25:17) géint Schottland gewannen.

VIDEO: Volleyball: Lëtzebuergerinne wanne géint Schottland
Vun e Freideg bis e Sonndeg spillen déi Lëtzebuerger Volleyball-Dammen bei den Europameeschterschafte vun der Small Countries Division an der Coque.

E Samschdeg den Owend gouf et eng 0:3 Defaite géint Island. Am éischte Saz koum d'FLVB-Selektioun mat 13:25 ferm ënnert Rieder. Och am zweete Saz loung d'Lëtzebuerger Nationalequipe laang hannen, huet awer ëmmer besser an Spill fonnt a konnt de Réckstand nees ausgläichen. Island konnt awer och dëse Saz ganz knapp mat 28:26 fir sech entscheeden. Am drëtte Saz war bei de Lëtzebuergerinnen d'Loft eraus. Island wënnt och den drëtten Saz mat 25:19 a wënnt um Enn ouni Problem mat 3:0 géint Lëtzebuerg.

AUDIO: Lëtzebuerg verléiert géint Island - Reportage Jang Mathes
Volleyball: Lëtzebuergerinne verléieren géint Island
Vun e Freideg bis e Sonndeg spillen déi Lëtzebuerger Volleyball-Dammen bei den Europameeschterschafte vun der Small Countries Division an der Coque.

Um Enn vum Tournoi hunn d'Lëtzebuergerinnen, wéi d'Gewënnerinnen aus Island, 9 Punkten um Konto stoen. Island geet awer mat Gold heem, well si e Saz méi gewonnen hunn. Sëlwer geet domadder u Lëtzebuerg a Bronz ass fir Zypern.

Resultater am Iwwerbléck:

Freideg, 23. Juni
13h00 Auer: Zypern - Färöer Inselen 3:0
16h00 Auer: Schottland - Island 3:1
19h00 Auer: Lëtzebuerg - Zypern 3:1

Samschdeg, 24. Juni
11h00 Auer: Schottland - Lëtzebuerg 0:3
14h00 Auer: Island - Färöer Inselen 3:0
17h00 Auer: Zypern - Schottland 3:1
20h00 Auer: Lëtzebuerg - Island 0:3

Sonndeg, 25. Juni
13h00 Auer: Färöer Inselen - Schottland 1:3
16h00 Auer: Island - Zypern 3:1
19h00 Auer: Färöer Inselen - Lëtzebuerg 0:3