Wie gëtt neien Dammennationaltrainer?

© pressphoto.rtl.lu (archiv)
De leschte Weekend stoung den Detlev Schönberg eng leschte Kéier als Lëtzebuerger Dammennationaltrainer un der Säitelinn.
Seng Spillerinnen hunn dem Däitsche Coach mat der Sëlwermedail op der Europameeschterschaft vun de klenge Länner zum Schluss nach e flotte Cadeau gemaach. Elo stellt sech natierlech d'Fro, wien elo no der Ära Schönberg op Trainerbänk kënnt.
Duerch d'Summerpaus ass een aktuell awer do net am Stress, seet de Burkhard Disch, Direkteur Technique vun der FLVB. Et wëll ee verschidden Usätz duerchdenken, fir dono eng gutt Léisung ze presentéieren.
Egal wien de Successeur soll ginn, den Detlev Schönberg huet e wichtege Message fir hien: Et ass wichteg, fir d'Meedercher ze kämpfen, wat him awer net ëmmer Freed an net iwwerall Frënn gemaach huet.
De Guy Erpelding, President vun der Federatioun, sot, dat intern an extern no engem Successeur gesicht gëtt. RTL-Informatiounen no sinn de Ranguel Krivov, aktuellen Co-Trainer bei den Hären an Jugendnationaltrainer bei der FLVB, an de Serge Karier, dee flott Succèse mat de Walfer Dammen an de leschte Joren hat, als méiglech Kandidaten am Gespréich.