FLTT
Kader fir Heem-Em steet

Bei den Damme sinn ënner anerem d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte nominéiert, bei den Hären de Gilles Michely an de Luka Mladenovic.
A knapp 10 Wochen geet d'ITTF European Table Tennis Championships lass, déi an der Coque um Kierchbierg ausgedroe gëtt. De Sportdirekter Martin Ostermann setzt am Kader op Kontinuitéit. Sou triede bei den Dammen d'Ni Xia Lian, d'Sarah de Nutte, d'Tessy Gonderinger, d'Danielle Konsbruck an d'Egle Tamasauskaite. Bei den Häre sinn et den Eric Glod, Gilles Michely, Luka Mladenovic, Traian Ciociu a Marc Dielissen.
Als Coachen begleeden de Martin Ostermann, Peter Teglas an Tommy Danielsson d'Equippen.
Am meeschte gelies