Volleyball
Gréisser Changementer bei der FLVB?

© pressephoto.lu (Roland Miny)
RTL-Informatiounen no, géifen d'FLVB an hiren Directeur Technique Burkhard Disch an Zukunft getrennte Weeër goen.
Den Disch huet e groussen Undeel un der positiver Entwécklung vun der Härennationalequipe an de leschte Joren.
Am Dammeberäich ass jo schonn zanter e puer Woche gewosst, datt d'Federatioun an den Nationaltrainer Detlev Schönberg net méi zesumme wäerte schaffen.
Wéi et bei der FLVB weider geet, ass nach net bekannt.
Am meeschte gelies