Ee weidere grousse Schrëtt an der Karriär vum Lëtzebuerger Kapitän. De Gilles Braas spillt an Zukunft éischtklasseg.

Den Volleyball-Nationalspiller Gilles Braas wot sech eng zweete Kéier an d'Ausland. Nodeems de Passeur schonn 2012 an Däitschland gespillt huet, huet hien elo bäi de Powervolleys Düren e Kontrakt iwwer 1 Joer ënnerschriwwen.

Viru 5 Joer war de Gilles Braas schonn deen Éischte vun enger Generatioun, deen de Schrëtt an d'Ausland gemaach hunn.

No deem Joer an der zweeter Bundesliga zu Coburg féiert de Wee vum Lëtzebuerger dann elo an déi éischt däitsch Bundesliga.

De Kontakt ass duerch den Nationaltrainer an den techneschen Direkter zustane komm.