Schonn direkt um 10 Auer sinn d'Lëtzebuerger Dammen am Asaz, d'Häre spillen den éischte Match um 16 Auer.

E Mëttwoch ass hei zu Lëtzebuerg den Optakt vun der Dëschtennis EM. 16 Natiounen triede bis e Sonndeg an der Coque géinteneen un, dorënner och déi Lëtzebuerger Dammen an Hären, déi an der heegster Divisioun vertruede sinn. Ee vun de grousse Favoritten ass Däitschland. D'Lëtzebuerger Dammen spillen eng éischte Kéier e Mëttwoch de Moien um 10 Auer am Grupp B géint Tschechien, um 19 Auer heescht de Géigner Holland. D'Lëtzebuerger Hären kréien et géint 16 Auer am Grupp C mat Griicheland ze dinn.