Damme verpasse fréizäiteg Quali. fir d'Véirelsfinall
Fir d'Lëtzebuerger Damme gouf et nom Exploit géint Tschechien eng Defaite géint Holland. D'Hären hunn hir éischt Partie verluer.
E Mëttwoch den Owend hunn d'Lëtzebuergerinne mat 1:3 géint d'Hollännerinne verluer. An der 1. Partie konnt d'Sarah de Nutte net un d'Leeschtung aus de Partië géint Tschechien uknäppen. Si verléiert mat 1:3. Och d'Ni Xia Lian konnt hire Match net gewannen. Si verléiert knapp mat 2:3. Duerno konnt d'Danielle Konsbruck den éischte Punkt fir d'Lëtzebuergerinne maachen. Si gewënnt hir Partie mat 3:2. Domadder stoung et aus Siicht vun de Nutte a Co. 1:2. An der 4. Renconter war nees d'Sarah de Nutte un der Rei. No zwee gudden éischte Sätz huet si sech misse mat 2:3 geschloe ginn. Domadder verléieren d'Lëtzebuergerinnen den zweete Match géint Holland mat 1:3.
Am éischte Match konnte sech d'Lëtzebuergerinne e Mëttwoch de Moien mat 3:2 géint Tschechien behaapten. Am fënneften an decisive Match konnt d'Ni Xia Lian d'Victoire fir d'FLTT-Formatioun perfekt maachen.
De Lëtzebuergerinne spillt deemno och an d'Kaarten, datt d'Ni Xia Lian fit ass. D'Dëschtennisspillerin war nämlech an de leschte Méint blesséiert a war e Mëttwoch no laanger Zäit nees am Asaz. Et wousst een dofir net ob Xia Lian fit ass oder net, ma e Mëttwoch de Moien huet si bewisen, dass et geet an dat mécht ganz Equipe frou, sou den Trainer Tommy Danielsson.
Lëtzebuerger Damme spillen e Mëttwoch den Owend um 19 Auer géint Holland.
D'Lëtzebuerger Hären hunn hiren éischte Match géint Griichenland mat 0:3 verluer. De Gilles Michely huet seng Partie mat 1:3 verluer, den Eric Glod an de Luka Mladenovic waren hire griichesche Géigner mat 0:3 ënnerleeën.

© Jeff Kettenmeyer / RTL Sport