Um Samschdeg war den Optakt vum Dëschtennis-Championnat.

De Champion Diddeleng hat bei der klorer 6:0 Victoire géint den Opsteiger vu Bäerbuerg keng gréisser Problemer. Den amtéierende Champion huet nëmmen ee Saz missen ofginn.

Den Dëschtennis Houwald, dee sech am Irfan Cekic verstäerkt huet, huet sech iwwerraschend kloer mat 6:1 géint Hueschtert/Foulscht duerchgesat. Den neie Spiller vun Hueschtert, den Tim Janssens, deen an der Verbandsranglëscht op Plaz 5 steet, huet sech mat 2:3 géint den Irfan Cekic a mat 0:3 géint den Ademir Balaban misse geschloe ginn. Kee gudden Optakt fir Hueschtert/Foulscht, déi fir déi nei Saison awer wuel méi héich Ambitiounen hunn ewéi nach déi Jore virdrun.

D'Union krut et um 1. Spilldag mat der Reckener Equipe ze dinn. D'Equipe vu Recken wollt sech jo eigentlech zeréckzéien nom Ofgang vum Topspiller Saive. Fir hien ass de jonke Joao Aguiar an d'Equipe gerutscht, deen haut och direkt ee Match konnt gewannen. Mat 3:0 konnt hie sech géint den Harles duerchsetzen. Um Enn war et awer eng gerecht 6:3 Victoire fir d'Union.

Den Opsteiger vun Éiter/Waldbriedemes huet sech zu Iechternach ganz gutt aus der Affär gezunn. Den neie Mann, de Mickaël Fernand konnt wichteg Matcher géint den Traian Ciociu an den Evgheni Dadechin gewannen. Och den zweeten neie Spiller, den Thibaut Besozzi, dee vum DT Fiels/Haler komm ass, konnt seng zwou Partië gewannen, dat géint de Kevin Kubica an den Eric Thillen. De Jäger an de fréiere Landesmeeschter Dan Wintersdorff hunn allebéid hir zwee Eenzel verluer, esou dass et 4:4 stoung an d'Dubbelen hu missen entscheeden. Dës Dubbele konnt den Opsteiger allebéid fir sech entscheeden. Jäger a Wintersdorff konnte sech kloer mat 3:0 géint Dadechin an Thillen behaapten an déi zwee nei Spiller hunn och mat 3:0 géint hiren Dubbel géint den Traian Ciociu an de Kevin Kubica gewonnen.